Mittwoch, 7. November 2018

Moien, mer gouffen drop opmierksam gemaach dat eis Homepage net mei Aktuell wir.

 An, waat soll ech soen, et stemmt. Iergendwei as dat an den Hannergrond geroden an dun ganz vergiess gin. 

Mer haten d Affichen opd FacebookSeit 
(dei fand der hei : Fraen a Mammen Diddeleng )  gesaat awer ganz vergiess eis Homepage ze aktualiseieren.

Ech sin awer frou ze heieren dat awer nach Leit op eis Homepage kucken kommen.

Voila, ech wärd mer Meih gin fir dat ze änneren. 

Dei wou eisen Verein kennen, wessen dat mer meeschtens :

  2 Kanner-Sachen Second-Hand machen,
 een am Freijoer an een am Hierscht (den läschten war den 5. Oktober)

als nächst kennt eis GeneralVersammlung 
den 14. Dezember um 19. 30 am ParHaus zu Diddeleng
  (14 rue des Ecoles L-3461 Dudelange)

Dir sidd all herzlesch inviteiert. Do kennt der gewuer gin waat mer sou dest Joer geschafft hun, 

watreng Spenden mer machen an waat mer fir d' neit Joer scheines geplangt hun.

Sou, fir et nees gudd ze machen, dat hei sou laang keng Info koumen, weisen mer iech puer Photoen vun eis an eisen Aktiviteiten. 


Second-Hand/ Centre Hild/ Abrell/ 2018 Diddeleng


Second-Hand /2016 / am Vereinshaus/ Diddeleng

National Feierdaag/Cortege/ 2017/Diddeleng

Oktober 2016/Vereinshaus/Diddeleng




Second-Hand/ Vereinshaus /März 2016 Diddeleng


                                                     



Second-Hand/Vereinshaus/2017/Diddeleng



Ausfluch EuropaPark /Rust /15/o7/17