Sonntag, 18. Mai 2014

Fraen an Mammen an der Octave

den 17ten Mee war an der Stadt an der Octave eng Mass fir d' Fraen a Mammen




bei der Gelegenheed hun mer d' Mme Anette Tausch et Sekretairin vun der ACFL- Letzebuerg getraff


Dono sin mir  (Christelle eis Sekretairin an ech) mat der Présidentin vun ACFL- Käerjeng an menger Schweiermam (dei och an den Fraen an Mammen zu Käerjeng as) an den Restaurant "Kniddelkinnek" iessen gangen.





Dat war ganz lecker! Nemmen ze rekomandeieren ;-)






Leider sin net vill Leit vun Diddeleng matgangen... dei meescht Leit gin Meindes and Octave
wann d' Paar Diddeleng pilgert.

Egal, mir haten en super scheinen Nometten  ;-)

 An der Stadt war Muart




an mer  haten super Wieder ;-)

Montag, 5. Mai 2014

Eisen Second-Hand mat Kanner-Sachen

Hei puer Biller vun eisem flotten Second-Hand :










Mir hun et Buvette gemaach 





 dei Leit wou et Kleeder net mei wollten mat Heem huelen, konnten et mat an Nigeria  (Afrika) gin


net ze vergiessen den klengen Stand ,



vun den Fraaen dei selwer gemachen Sache verkaafen fir en gudden Zweck: fir et Kanner dei et "maladie ulcere de buruli" hun